Dee 84-Joer alen Ekonomist Muhammad Yunus a seng Bank kruten 2006 de Friddensnobelpräis, well si mat klenge Prête Millioune Leit aus der Aarmut gehollef hunn.
Als Leader vun der Iwwergangsregierung ass säin deklaréiert Zil elo, d'Onrouen am Land ze berouegen an de Wee fir Neiwale virzebereeden. Dat nodeems d'Parlament opgeléist gouf, an d'Premierministerin Sheikh Hasina dës Woch, an der Suite vun de Protester géint si, zeréckgetrueden an aus dem Land geflücht war.