Déi russesch Regierung gëtt opgefuerdert, op déi territorial Integritéit vun der Ukrain opzepassen. Et gëtt och gefuerdert, datt Kiew d‘Kontroll iwwert d‘Atomkraaftwierk Saporischschja zeréck kritt.
Alleguer déi Ukrainesch Krichsgefaangener musse fräigelooss ginn a Kanner, déi deportéiert goufen, mussen zeréck bruecht ginn.
D‘Konferenz, bei där eng 100 Natioune vertruede sinn, strieft Fridden op laang Dauer un. Den dätsche Kanzler hat dofir gefuerdert, datt Russland an Zukunft un de Konferenzen deel hëlt.
Fir Lëtzebuerg ass de Premier Luc Frieden um Sommet bei der Stad Luzern. Fir hien ass et awer evident, datt een net den Aggresseur op eng Friddenskonferenz invitéiert.