arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséisch Arméi stoppt verdächtegt Schëff

Russesch “Schattenflotte”

|
headphones

2 min

Franséisch Arméi stoppt verdächtegt Schëff

No deem widderhuelten Dronenalarm an Dänemark huet elo déi franséisch Arméi e verdächtegt Schëff gestoppt an zwou Persoune festgeholl: De Kapitän an den éischten Offizéier. D’Schëff gëtt der russescher “Schattenflotte” zougerechent. Dat mellt de franséische Sender Franceinfo um Donneschdegmoien.

headphones

2 min

E Schëff vun der russescher Schattenflotte am August 2025 un der däitscher Küst  | ©  picture alliance/dpa | Jens Büttner
E Schëff vun der russescher Schattenflotte am August 2025 un der däitscher Küst (Foto: picture alliance/dpa | Jens Büttner)

D’Besatzung vum Schëff hätt keng Beweiser kéinte virleeë fir d’Nationalitéit vum Schëff ze bestätegen an d’Besatzung hätt sech geweigert Uweisungen entgéint ze huelen. Dat deelt den zoustännege Parquet mat.

E Video vum dänesche Fernseesender TV2 weist, wéi Zaldoten u Bord vum Schëff waren. Et war virun der westfranséischer Küst ënnerwee.

Déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen sot, datt et schonn zënter méi laang gréisser Problemer mat der russescher Schattenflott géif ginn.

D’Schëff soll e Fändel aus Benin (Afrika) hänken hunn a “Boracay” heeschen. Et soll iwwerdeems duerch dänesch Gewässer gefuer sinn, wéi d’lescht Woch Drone fir Problemer op den dänesche Flughäfe gesuergt hunn.

Wat versteet een ënnert Schattenflotte?

Zënterdeem den Uelegpräisdeckel Enn 2022 agefouert gouf, probéiert Russland dës Aschränkungen ze ëmgoen – dat duerch den Opbau vun der “Schattenflotte”.

Dat sinn Honnerten, al, deelweis futtis Schëffer, déi keng Verbindung zu den OPC-Länner hunn. Dowéinst gëllt de Präisdeckel fir si net. Esou ka Russland weiderhin Ueleg zu de Maartpräisser verkafen a generéiert esou Milliarden.

Obwuel dacks vun der russescher Schattenflotte geschwat gëtt, hunn d’Schëffer gréisstendeels keng direkt Verbindungen zu Russland, allerdéngs ass den Ueleg u Bord russesch.