Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott - Your Destiny Awaits Feat. Reuben Rogers & Walter Smith III

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich wëll Rou op Neikaledounien erzwéngen

Onrouen op Neikaledounien

Frankräich wëll Rou op Neikaledounien erzwéngen

Eng Verfassungsreform huet am franséischen Iwwerséigebitt Neikaledounie fir gewaltsam Onroue gesuergt. D’Separatiste fuerderen, datt déi franséisch Regierung d’Reform zeréckzitt. D’Loyalisten ënnerstëtzen dës awer.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

Nouvelle-Calédonie Onrouen | © La Plume libre / X play_arrow

De President Emmanuel Macron wëll béid Säiten dozou beweegen, elo een Accord ze fannen, mee déi franséisch Regierung suergt net fir ee Klima, an deem dëse kann zustan kommen. 

Materielle Schued vun iwwer 200 Milliounen Euro

De Kontext wier nämlech net favorabel, sou de Chef vun de Separatisten an Neikaledounien, de Roch Wamytan. Hien huet awer net un där geplangter Videokonferenz mam Emmanuel Macron wëllen deelhuelen. Effektiv erlieft seng Insel grad eng Well vu Gewalt, wéi si se zanter den 1980er Joren net mei gesinn huet. 

Fënnef Doudeger, Haiser déi a Brand gestach a Geschäfter déi ausgeraumt goufen: Engem éischte Bilan no beleeft sech de materielle Schued vun den Onrouen op iwwer 200 Milliounen Euro.

Frankräich hat um Mëttwoch den Noutstand ausgeruff. 1.000 zousätzlech Sécherheetsbeamte ware mobiliséiert ginn an eng Loftbréck sollt dofir suergen, datt d’Bevëlkerung mat Iessen a Medikamenter versuergt ka ginn. 

Wéi ass et dozou koum? 

Ausléiser vun der Gewalt ass eng Verfassungsreform vun der franséischer Regierung, déi d’Walrecht op der Insel soll ausbreeden. Der Reform no wieren och déi franséischstämmeg Persounen op der Insel walberechtegt, wann si zanter méi wéi 10 Joer do liewen. D’Separatiste fäerten awer, datt déi indigène Kanak Populatioun doduerch u politeschem Afloss verléiert an d’Onofhängegkeet méi schwéier gëtt. 

Haiser op Neikaledounien, déi a Brand gesat gi sinn. | © Ted Moloubakotty / X
Haiser op Neikaledounien, déi a Brand gesat gi sinn. (Foto: Ted Moloubakotty / X)

Insgesamt géing d’Wielerschaft duerch d’Reform ëm 25.000 Persoune wuessen. D’Reform gouf e Mëttwoch an der Assemblée Nationale zu Paräis gestëmmt. Elo muss just nach de Kongress gréng Luucht ginn. Dat soll Enn Juni passéieren. Bis dohi wëll den Emmanuel Macron awer béide politesche Lager op der Insel d’Chance ginn, een eegene Kompromëss ze fannen. Esou ee Kompromëss brauch awer virun allem Zäit, an déi wëll Paräis der Insel net accordéieren. 

D'Schwieregkeet vun engem lokalen Accord

De fréiere Chargé de mission vun der Inselregierung, de Christian Belhôte, sot France Info géigeniwwer, mat dem Ultimatum wat Paräis elo setzt, géif et schwéier ginn, d’Gewalt ze berouegen an ee lokalen Accord ze fannen. D’Diplomatieoffensiv vum President Macron géif och ze spéit kommen, well een d’Tensiounen ze laang ignoréiert hätt.

Nach ëmmer eng Kolonie?

Effektiv rumouert et scho laang op der Insel. An den 1980er Joren huet Frankräich e Prozess un d’Rulle bruecht, fir dem Iwwerséigebitt méi a méi Autonomie ze ginn. D’Insel ass awer weiderhin ënnert dem Kontroll vu Paräis bliwwen. Der UNO no zielt Neikaledounien zu de 17 Plaze weltwäit, déi net dekolonialiséiert goufen.

2021 gouf et e leschte Referendum iwwert d’Onofhängegkeet op der Insel, bei deem dës ofgeleent gouf. Allerdéngs war d’Walbedeelegung immens niddreg, well d’Separatisten opgrond vun der Pandemie dozou opgeruff haten, de Vott ze verréckelen. Datt dëst net consideréiert gouf, war ee politeschen Affront.

Ignoréiert Paräis Neikaledounien? 

Traditionell ass et de franséische Premier héchstperséinlech, dee sech ëm d’Relatioune mat Neikaledounie këmmert. Zanter 2020 gouf dës Tâche awer un aner Ministere weider delegéiert, wat op der Insel den Androck vermëttelt huet, datt een zu Paräis d’Situatioun op Neikaledounie wäitleefeg ignoréiert.

Dës Haltung an den aktuellen Ultimatum si keng Basis fir géigesäitegt Vertrauen an een Accord, deen nohaltege Fridden op der Insel etabléiert.

 

Lauschterenplay_arrow