arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Militärmaterial vu Lëtzebuerger Entreprisë gouf un Israel geliwwert

Äntwert vum Xavier Bettel

|
headphones

1 min

Militärmaterial vu Lëtzebuerger Entreprisë gouf un Israel geliwwert

Et géif sech dobäi awer ëm net letal, also déidlech Waffen handelen, geet aus der Äntwert vum Ausseminister Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Franz Fayot ervir.

headphones

1 min

Fändel vun Israel | © picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
Fändel vun Israel (Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka)

All Transfert wier am komplette Respekt vun de legale Virschrëftenofgelaf. All eenzel Liwwerunge géifen no enger Iwwerpréiwung geneemegt ginn, esou de Xavier Bettel a senger Äntwert. Wat d'Demandë fir Exporter vu Waffen ugeet, déi op der EU-Lëscht stinn, waren dat der 2025 am ganzen dräi an déi goufen och all autoriséiert.