arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Frankräich gëlle vun haut u méi streng Reegele beim Fëmmverbuet

Am ëffentleche Raum

|
headphones

2 min

A Frankräich gëlle vun haut u méi streng Reegele beim Fëmmverbuet

A Frankräich gëlle vun haut u méi restriktiv Reegele beim Fëmmverbuet am ëffentleche Raum. Gëschter um Samschdeg ass een Dekreet publizéiert ginn, an deem ënner anerem e Fëmmverbuet op de Plagen agefouert gëtt.

headphones

2 min

Knapp eng Woch virun der Summervakanz a Frankräich kënnt de Fëmmverbuet op de Plagen, mee net nëmmen  iwwerall do, wou Kanner sinn, trieden déi Restriktiounen an. Dat heescht an de Parken, am Bushaischen, virun engem Lycée oder enger Primärschoul, bei de Bibliothéiken, Sportsinfrastrukturen ewéi Stadionen, Piscinnen ass et verbueden an engem Perimeter vun 10 Meter ze fëmmen.

Méi héich Geldstrofen

Ausname ginn et och, an zwar op den Terrasse vu Caféen a Restauranten. Och elektronesch Zigarette ginn erlaabt, op d'mannst si se net verbueden.

Esou Verbueter gouf et schonn an 1.600 Gemengen, déi dat op fräiwëlleger Basis a mat Hëllef vun der Ligue contre le Cancer gemaach hunn.

D’Zil ass et, datt d’Kanner net a Kontakt komme mam Tubak, an och net passiv Damp anootmen.

Wie sech net drun hält, dee riskéiert eng Geldstrof, déi tëschent 135 a 750 Euro läit. Déi franséisch Regierung huet eng pädagogesch Period versprach.

An den nächsten Deeg ginn d’Panneaue mat den neie Pictogrammen iwwerall installéiert, och fir de Perimeter vun deenen 10 Meter ze definéieren.

Terrasse bleiwen eng Ausnam

D’Associatiounen, déi géint de Kriibs kämpfen, begréissen dee Verbuet, mee kritiséieren, datt een nach ëmmer op den Terrasse ka fëmmen. Och do si Kanner present.

Wichteg wier et och gewiescht, déi elektronesch Zigaretten och ze viséieren. Déi zéien ëmmer méi Jonker u mat séissen Aromaen. D’Verkafe vun Tubak oder elektronesch Zigaretten u Mannerjäreger gëtt vun haut u mat enger Contraventioun vun der Klasse 5 bestrooft. Do riskéiert een eng Geldstrof vu bis zu 3.000 Euro.

A wann et d’Zil ass, den Tubakskonsum erofzedrécken, esou wäerte sech och Ekologiste freeën, wann et op de Plagen an an de Parke manner Kippe gëtt. Eng Zigarettekipp nämlech iwweregens 500 Liter Waasser.