arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich geet ouni gréisser Problemer an d'Halleffinall

Fussball-WM 2026

|
reading time

1 min

Frankräich geet ouni gréisser Problemer an d'Halleffinall

Gëschter Owend eiser Zäit war den Optakt vun de Véierelsfinalle bei der Fussball-Weltmeeschterschaft. Do konnt sech Frankräich ouni gréisser Problemer mat 2:0 géint de Maroc duerchsetzen a steet domat an der Halleffinall.

reading time

1 min

De Kylian Mbappé (l.) an den Desiré Doué (r.) | © EPA/SARAH YENESEL
De Kylian Mbappé (l.) an den Desiré Doué (r.) (Foto: EPA/SARAH YENESEL)

Déi éischt Hallschent tëschent dem zweefache Weltmeeschter Frankräich an dem leschten afrikanesche Vertrieder, dem Maroc, ass ouni Gol op en Enn gaangen. An dat obwuel d’Fransousen en Eelefmeter kruten.

Mbappé schlecht vum Punkt

An der 25. Minutt ass den Noussar Mazraoui géint de Kylian Mbappé vill ze spéit komm an huet en erwëscht. Eelefmeter – Chefsaach – De Mbappé huet sech der Saach ugeholl, mee säi Schoss huet éischter enger Pass geglach, déi de marokkanesche Kipper Bono ouni Problemer ophuele konnt.

Géint déi franséisch Offensiv ass kee Kraut gewuess

De Maroc war déi éischt Hallschent an der Offensiv quasi inexistent an huet dat probéiert nom Säitewiessel ze änneren.

No genee enger Stonn war et dunn awer de Kylian Mbappé, dee seng Faarwe mat engem schéine Gol a Féierung bruecht huet. Just 6 Minutten drop huet den Ousmane Dembélé op 2:0 fir d’Fransouse gesat. Bei deem Resultat sollt et dunn och bleiwen.

Domat seet och de leschten afrikanesche Participant Äddi. Frankräich trëfft elo an der Halleffinall op de Gewënner vum Match Spuenien-Belsch, deen den Owend um 9 Auer eiser Zäit gespillt gëtt.