arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich féiert vun 2026 un ee fräiwëllege Militärdéngscht an

Arméi

|
headphones

1 min

Frankräich féiert vun 2026 un ee fräiwëllege Militärdéngscht an

Frankräich féiert vum nächste Joer un e fräiwëllege Militärdéngscht vun 10 Méint an. A Krisenzäite kann deen an eng Obligatioun ëmgewandelt ginn. De franséische President Emmanuel Macron huet gëschter um Donneschdeg Detailer ginn.

headphones

1 min

Franséisch Zaldote bei enger Übung. | © EPA/SEBASTIEN NOGIER
Franséisch Zaldote bei enger Übung. (Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

D‘nächst Joer wëllt een 3.000 Fräiwëlleger unzéien. Bis 2030 sollen et 10.000 Leit d‘Joer sinn.

Mat deem fräiwëllegen Asaz solle jonk Leit der franséischer Arméi de Réck fräihalen. Viséiert si Leit tëschent 18 an 19 Joer. Si kréien ze iessen a gi logéiert. Dobäi kënnt eng Entschiedegung vun 800 Euro de Mount an Hëllef bei der Sich no enger Aarbecht no 10 Méint.