arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich denkt iwwer Social-Media-Verbuet fir Jonker no

Sozial Medien

|
headphones

1 min

Frankräich denkt iwwer Social-Media-Verbuet fir Jonker no

No Australie plangt elo och eist Nopeschland Frankräich e Social-Media-Verbuet fir Jonker. Konkret solle Jugendlecher ënner 15 Joer vun der nächster Rentrée u keng Sozial Medie méi notzen dierfen.

headphones

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Md Mamun Miah
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Md Mamun Miah)

Dat gesäit een entspriechende Gesetzesprojet vir, deen uganks vum neie Joer an der Assemblée nationale diskutéiert soll ginn.

Och de Gebrauch vum Handy an de Lycéeë soll verbuede ginn. Do géif d‘Regierung awer nach kee prezisen Datum am Gesetzesprojet nennen.

A Frankräich ass den Handy schonn an de Primärschoulen an an de Mëttelschoule verbueden. Paräis argumentéiert déi geplangte Verbueter domat, datt eng ganz Partie Etüden a Rapporten entretemps verschidde Risike vun engem exzessive Gebrauch vu Soziale Medie fir Jonker festgestallt hunn, dorënner Cyberharcelement, d‘Konfrontatioun mat inappropriéierten Inhalter a Schlofstéierungen.