arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich an Italie fuerdere méi Zäit: Mercosur-Accord no hanne verréckelt

Landwirtschaftspolitik

|
headphones

1 min

Frankräich an Italie fuerdere méi Zäit: Mercosur-Accord no hanne verréckelt

D'Signature vum EU-Fräihandelsaccord mat de véier südamerikanesche Mercosur-Staate gëtt nach emol verluecht. Dat gouf um Bord EU-Sommet zu Bréissel matgedeelt. D'Ënnerschreiwe vum Accord wier elo fir Januar geplangt, esou de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden.

headphones

1 min

Déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni. | © European Union
Déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni. (Foto: European Union)

Et war virgesinn den Accord muer um Samschdeg a Brasilien ze ënnerschreiwen. Mee déi italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni huet um EU-Sommet annoncéiert, si bräicht nach Zäit fir déi italieenesch Bauere vum Accord ze iwwerzeegen.

Domat war kloer, datt déi néideg Majoritéit net géif erreecht ginn, well och Frankräich scho méi Zäit gefuerdert hat.

Lëtzebuerg weider dofir

Lëtzebuerg géif weider hanner dem Mercosur-Accord stoen, sot de Luc Frieden zu Bréissel.

Dausende Baueren hate gëschter um Donneschdeg an der belscher Haaptstad géint de Accord protestéiert.