A Frankräich hunn d‘Ausleefer vum Stuermdéif Kirk virun allem den Eisebunnsverkéier gestéiert. Op enger rei Linne ware Beem op d‘Schinne gefall.
Eng 67.000 Stéit ware gëschter Owend ouni Stroum. Donieft bleiwen de Moien eng sechs Departementer an der vigilance rouge wéinst Iwwerschwemmungsgefor.
Och an Däitschland ass betraff. Hei sinn et virun allem Beem, déi ëmgefall sinn.