Dräi Deeg laang koumen d’Sozialisten zu Blois zesummen, zu engem Zäitpunkt wou d’politesch Sakgaass am Land och an der lénker Partei fir Tensioune suergt. Nodeems de President Emmanuel Macron refuséiert hat eng Regierung ënnert der Lénksallianz Nouveau Front Populaire ze nennen, hat de Parteichef vun de Sozialisten, den Olivier Faure, annoncéiert, datt hie bis op Weideres net méi un de Verhandlungen en vue vun der Regierungsformatioun géing deelhuelen.
Eng Entscheedung, déi awer an der Partei duerchaus ënnerschiddlech opgeholl gouf. Um Parteikongress huet den Olivier Faure dowéinst virun allem op Zesummenhalt gesat, bannent senger Partei awer och an der Lénksallianz, wou et mat der Partei La France Insoumise ëmmer nees zu Konflikter koum.
De Faure huet sech dofir ausgeschwat 2027 bei der Presidentschaftswal mat enger gemeinsamer lénker Kandidatur unzetrieden - virausgesat et géing net nees zu Egokämpf kommen. Dat wier awer net nëmmen e Probleem bei La France Insoumise mee bei der Gauche generell.
Iwwerdeems hat um Samschdeg Moien och den Nach-President vu Les Républicains, den Eric Ciotti, d’Grënnung vu senger eegener Partei “l’Union des droites pour la République” annoncéiert. Seng eemoleg Partei Les Républicains wier iwwerholl an opgrond vun hiren Defaiten diskreditéiert, sou de Ciotti.
Vum Max Tholl, vu Paräis, fir den 100,7.