Radioen

On air

Notturno  |  Baden Powell - Canto De Ossanha

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Nationalfeierdag um 14. Juli, Gauche sicht weider méiglech Premierminister:in

Frankräich

Frankräich: Nationalfeierdag um 14. Juli, Gauche sicht weider méiglech Premierminister:in

Wéinst dem franséischen Nationalfeierdag muer um 14. Juli sinn a Frankräich iwwert de Weekend eng 130.000 Asazkräfte vun der Police an der Gendarmerie am Asaz, fir fir d‘Sécherheet ze suergen. Eng Rei Studentenorganisatiounen hu fir muer den Owend op der Place de la Bastille zu Paräis zu enger Demonstratioun opgeruff. 

auto_stories

1 min

© Bigstock / PaulMaguire

Si wëllen hir Ënnerstëtzung fir eng Regierung vum Nouveau Front populaire ausdrécken a géint de Coup de force vum President Macron ze protestéieren. 

Nach ëmmer diskutéiert d‘Gauche iwwerdeems iwwert e méigleche Premierminister oder Premierministerin. France Insoumise a Sozialiste fanne kee Kompromëss, als leschte Kandidat huet den LFI gëschter Owend d‘Huguette Bello genannt. De Parti Socialiste hält sengersäits un der Kandidatur vu sengem Chef Olivier Faure fest.