Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Decisioun fir neie Premierminister kéint haut falen

Regierungsformatioun

Frankräich: Decisioun fir neie Premierminister kéint haut falen

A Frankräich kéint et haut zu enger Decisioun kommen, wien neie Premierminister gëtt. De franséische President Emmanuel Macron koum gëschter ënner anerem mat sengen zwee Virgänger a mat sengem nach-Premier Gabriel Attal zesumme fir Gespréicher en vue vun der Regierungsformatioun.

auto_stories

2 min

© Bigstock / PaulMaguire
Foto: Bigstock / PaulMaguire

E weideren Dag, e weideren Numm fir de Poste vum Regierungschef. Gëschter koum den Emmanuel Macron fir Gespréicher ënner anerem mat de fréiere Presidenten Nicolas Sarkozy a François Hollande zesummen.

Aus dem Ëmfeld vum Elysée heescht et, datt de President en neie Kandidat fir de Poste vum Premier am A huet: den Thierry Beaudet, President vum CESE.

Och de fréiere sozialistesche Premier Bernard Cazeneuve an de konservative Xavier Bertrand waren am Elysée op Besuch.

Nouveau Front Populaire ënnerstëtzt all Persoun, déi e Wiessel ëmsetzt

Béid gëllen als potentiell Premierskandidaten. Vun de Gespréicher ass wéineg no bausse gedrongen. Gëschter hu verschidde franséisch Medie gemellt, datt de President sech nach eng aner, drëtt Persoun ka virstellen, an zwar den Thierry Beaudet, President vum Conseil économique social et environnemental, eng Institutioun, déi d'Regierung an d'Parlament beréit.

Op eng méiglech Kandidatur vum Beaudet ugeschwat, sot d'Kandidatin vum Lénksbündnis, d'Lucie Castets, den Nouveau Front Populaire wéilt e Politikwiessel a géif all Persoun ënnerstëtzen, déi dëse Wiessel wéilt ëmsetzen.

Cazeneuve soll säi Projet erklären

De Sozialistechef Olivier Faure war gëschter Owend Invité op France Info a sot, hie kéint de Beaudet net wierklech aschätzen. De Faure wier gespréichsbereet, et wieren awer net just Persounen an Nimm, déi een diskutéiere misst, mee Projeten.

Mat Bléck op de Bernard Cazeneuve, deen och als méigleche Kandidat gëllt, sot de Faure, hie wéisst net a wéi enger Funktioun oder a wéi engem Numm dee fréiere Premier mam President géing diskutéieren. Wann de Cazeneuve d’Ënnerstëtzung vun der Gauche wéilt, da sollt hien hinne perséinlech säi Projet erklären, esou de Faure.

Vum Max Tholl, vu Paräis, fir den 100,7