19 Dronen goufen ofgeschoss, 7 wiere bis elo fonnt ginn, virun allem am Oste vum Land (Foto: EPA/WOJTEK JARGILO POLAND OUT)
E Samschden an zwou Woche fänkt d’Pilotphas vum Projet mam Numm “A Bereetschaft” un, huet de Verdeedegungsminister Wladyslaw Kosiniak-Kamysz haut um Donneschdeg ugekënnegt.
D’Zil wier et, d’nächst Joer 400.000 Bierger iwwer dee Wee ze forméieren. D’Formatioune kënnen iwwer eng App gebucht ginn.