arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fräie Lëtzebuerger Bauereverband zu EKABE-Situatioun: Ganze System muss erneiert ginn

Landwirtschaft

|
reading time

1 min

Fräie Lëtzebuerger Bauereverband zu EKABE-Situatioun: Ganze System muss erneiert ginn

D'Kënnegung bei der EKABE wier keen isoléierte Virfall, mee e Symptom vun enger struktureller Kris, déi wäit iwwer Lëtzebuerg erausgeet an déi ganz europäesch Landwirtschaft betreffe géif. Dat schreift de Fräie Lëtzebuerger Bauereverband an engem Communiqué.

reading time

1 min

© EPA/EDDY LEMAISTRE
(Foto: EPA/EDDY LEMAISTRE)

Déi Entwécklung wier och net op emol entstan, mee wier d‘Resultat vu falschen Decisiounen iwwer Joren.

D‘Decisioun vum Lactalis-Konzern wier ganz einfach eng logesch ekonomesch Konsequenz, wéi d‘Situatioun haut, op engem globaliséierte Marché wier. Et gëtt do produzéiert, wou et am bëllegsten ass, esou den FLB.

Deen Däiwelskrees kéint net mat punktuelle Korrekture gebrach ginn, mee de ganze System misst vu Grond op geännert ginn. Den FLB stéing och mat de betraffenen EKABE-Baueren a Kontakt a géif hinnen hëllefen, e Wee aus der Kris ze fannen.