Rieds geet vu Milliounebeträg, déi néideg si fir eng Liquidatioun ze evitéieren. Ënnert anerem wier elo de Bistum gefrot, fir d’Fondatioun finanziell ze ënnerstëtzen. Och aner potentiell Bailleure géife kontaktéiert ginn. Wa kuerzfristeg keng Léisung fonnt gëtt, wier dëst d’Enn vun der Fondatioun - awer net d'Enn vun de juristesche Prozeduren, an där se wéinst dem Finanzbedruch nach stécht, heescht et vu gutt informéierte Sourcen, déi net wëlle mam Numm genannt ginn.
Ee Liquidateur géif dann d’Gestioun iwwerhuelen, fir méiglechst all Scholden ze bezuelen, respektiv och all Suen anzedreiwen, déi der Fondatioun nach zoustinn. Zum Beispill contestéiert d’Fondatioun d’Kreditter vun iwwer 30 Milliounen Euro, déi hir Finanzdirektesch bei zwou Banken opgeholl huet.
Christian Billon net méi am Krisecomité
De Christian Billon, deen de Krisecomité vun der Caritas an de leschte Woche geleet huet, ass iwwerdeems net méi am Comité. De Verwaltungsrot vun der Caritas huet seng Demissioun acceptéiert, huet de Christian Billon eis confirméiert. Hien hätt en Interessekonflikt, well hien déi nei HUT asbl presidéiert, déi déi national Aktivitéite vun der Caritas an och iwwer 300 vu 500 Mataarbechter:inne vun der Caritas Fondatioun an der asbl Caritas Accueil et solidarité iwwerhuele soll. Wien de Krisecomité elo presidéiert, respektiv wien elo fir d’Caritas schwätzt, ass eis net bekannt.
Am Ganzen hat d’Finanzdirektesch vun der Caritas tëscht Februar a Juli 61 Milliounen Euro op Konten a Spuenien iwwerwisen, déi bis elo verschwonne sinn. D’Justiz enquêtéiert.