Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Florida preparéiert sech op den nächsten Hurrikan

Nom Joerhonnertstuerm Helene

Florida preparéiert sech op den nächsten Hurrikan

Een neien Hurrikan zitt op den US-Staat Florida duer. Dat nëmmen 10 Deeg nodeems den Hurrikan Helene a Florida 14 Doudeger a massiv Zerstéierung verursaacht hat. An Deeler vu Florida gouf elo nees de Noutstand deklaréiert.

auto_stories

1 min

© U.S. Forest Service
Foto: U.S. Forest Service

Den neie Stuerm mam Numm Milton gouf gëschter als Hurrikan vun der 1. Kategorie vu 5 klasséiert. Den nationalen Hurrikanzenter huet gewarnt, de Stuerm kéint liewensgeféierlech gi fir Deeler vun der Westküst vu Florida.

Do sinn d‘Opraumaarbechten nach am gaangen nom Passage vum Hurrikan Helene. Bei deem Stuerm sinn an e puer US-Staaten am Ganzen 225 Leit ëm d‘Liewe komm an Honnerte Leit ginn nach vermësst.