Datt no dräi Deeg Verhandlunge schonn en Tripartitesaccord um Dësch louch war e bëssen iwwerraschend. Schliisslech war fir haut um Méindeg u sech e weidere Verhandlungsdag ugesat.
Dofir huet sech de Premier Luc Frieden d’lescht Woch am 100,7-Interview ganz zefridde gewisen, obwuel hien et jo war, dee laang géint d’Tripartite war – am Géigesaz zum Koalitiounspartner DP. Kann de Premier der DP also elo Merci soen?
Tripartite aberuffen: Déi final Decisioun koum vum Premier
D’DP-Presidentin an Deputéiert Carole Hartmann betount am 100,7-Interview, datt de Choix, eng Tripartite anzeberuffen, eng gemeinsam Decisioun vun der Regierung war, an där de Premier dat lescht Wuert hat.
“Et ass a Succès fir d’Land, fir de Sozialdialog, mee och fir d’Regierung. Dofir mengen ech ass zesumme mat de Sozialpartner e Resultat fonnt ginn, wat der aktueller Zäit Rechnung dréit, de Problemer, déi op eis duerkommen a Krisen, déi mir hunn, Rechnung dréit.”
Vill Detailer iwwer den Accord sinn awer nach net public. Och d’Carole Hartmann kennt de geneeën Inhalt vum Accord nach net. Als Regierungspartei wiere si awer enk an d’Preparatioun vun der Tripartite matagebonne gewiescht, betount d’DP-Presidentin.
E Konjunkturkredit als ee Léisungsinstrument
Déi grouss Linne sinn awer kloer: D’Inflatioun, déi sech duerch d’Kris am Iran annoncéiert, soll no hanne gedréckt ginn, fir eng weider Präisdeierecht verbonne mat weideren Indextranchen, ze verhënneren. D’Kafkraaft vun de Leit soll gestäerkt ginn, ouni parallel d’Betriber ze belaaschten. Ausserdeem soll d’Energietransitioun weidergedriwwe ginn, fir manner ofhängeg vun deene Länner ze sinn, déi fossil Energie produzéieren.
Ee Léisungsinstrument soll e Konjunkturkredit an Héicht vun enger Indextranche sinn. Et wier wichteg, de schaffende Leit an dësen Zäiten entgéintzekommen, erkläert d’Carole Hartmann. All Salaire, egal wéi héich, wäert dovu profitéieren.
Leit mat engem Mindestloun profitéiere vum Crédit d’impôt salaire sociale, deen den Netto vum Mindestloun erhéicht, ouni awer d’Betriber zousätzlech ze belaaschten.
Subventioun vu fossillen Energien: Zäitlech Limitt nach net bekannt
Bei den Energiemesurë ginn ënner anerem och fossil Energië wéi Diesel a Bensinn subventionéiert. D’Carole Hartmann erkläert, datt een esou geziilt géint d’Inflatioun wéilt virgoen, betount awer, datt et zäitlech limitéiert ass. Wéi laang dës Mesuren awer gëllen, weess d’DP-Deputéiert nach net.
Si erkläert awer och, datt et wichteg ass, weider Mesuren ze huelen, déi a Richtung Energietransitioun ginn.
“Mir wëllen d’Leit mathuelen op déi Transitioun an de Fokus op d’Onofhängegkeet vun de fossillen Energië leeën. Mee mir wëllen och eng Barriär asetzen, fir datt d’Präisser och der Pompel net ze vill eropginn.”
Och, wann elo e Risk besteet, datt den Tanktourismus weider gefërdert gëtt, a Lëtzebuerg esou seng Klimaziler kéint verpassen, bleift d’Carole Hartmann optimistesch, datt dat net geschéie wäert.
Angscht ëm de Koalitiounspartner?
D’Tripartite gëtt also als Succès gewäert. Grad d’CSV konnt esou e Succès brauchen. Bei de rezente Sondagen huet d’Partei vum Premier Luc Frieden vill Zoustëmmung verluer. Muss ee sech als DP dowéinst Suerge maachen?
Kloer ass, dat betount och d’Carole Hartmann, fir eng DP ass et wichteg, datt d’CSV net schwächelt. An deem Sënn kënnt den Tripartitesaccord grad richteg.
“Mir sinn zesummen optimistesch a léisungsorientéiert do eragaangen. Et ware gutt Preparatiounen tëschent deenen zwou Parteien. Wann d’Tripartite gelongen ass, dann natierlech well jidderee kompromëssbereet war an e kloert Zil hat.”
DP: Fokus op d'Géigewaart
Trotzdeem: Sinn d’Ae vläicht schonn op déi nächst Wale geriicht? D’Carole Hartmann huet sech net an d’Kaarte kucke gelooss a betount, datt een de Fokus op den Hei an Elo huet, ouni awer de Bléck an d’Zukunft ze verléieren.
“Mir waren a Situatiounen, wou vill huet missen op Krise reagéiert ginn. Dat ass à ce stade wichteg, well et geet drëm, déi nächst Generatiounen trotzdeem an engem Land liewen ze loossen, wat vu wirtschaftlechem Wuesstem profitéiert a wou et e Sozialstaat gëtt, wéi mir en hunn, funktionéiere kann.”
D’DP wéilt dofir elo déi Verantwortung, déi si hunn – op Regierungs- a Gemengenniveau – iwwerhuelen an déi Saachen ëmsetzen, déi si sech fir dës Legislaturperiod virgeholl haten, ënnersträicht d’Carole Hartmann.