Hannergrond ass déi gesellschaftlech Debatt zum Theema Gewalt géint Fraen, déi d‘Schauspillerin Collien Fernandes ausgeléist huet. Si huet schwéier Virwërf géint hiren Ex-Partner, de Schauspiller Christian Ulmen, erhuewen an zesumme mam Noriichtemagasinn Spiegel ëffentlech gemaach.
Si gehäit him vir, Fake-Profiller an hirem Numm erstallt ze hunn an doriwwer pornographesch Duerstellunge vun hir verbreet ze hunn.
Den Affekot vum Schauspiller erënnert un d‘Presomption d‘innocence an huet schonn annoncéiert, juristesch Schrëtt géint de Spiegel an d‘Weeër ze leeën.