Den Deputéierten huet e Bréif vun der rietskonservativer EKR kritt, wou hien opgefuerdert gëtt, Aussoen ze erklären, déi hien an engem Interview mat enger russescher Zeitung gemaach hat.
Do hat hien, ënner anerem, d‘EU-Sanktioune géint Russland kritiséiert. Bis elo hätt een déi pro-russesch Äusserungen an der Fraktioun toleréiert, mee elo wier de Fernand Kartheiser awer ze wäit gaangen, heescht et an deem Bréif, vun deem d‘Wort geschriwwen huet.