Radioen

On air

Trendscheif  |  Megan Thee Stallion - COBRA

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fënnefte Protestdag a Georgien: Police setzt Tréinegas an

Kritik un der Regierung

Fënnefte Protestdag a Georgien: Police setzt Tréinegas an

A Georgien hunn op en neits Dausende Mënschen dofir demonstréiert, datt d‘EU-Bäitrëttsgespréicher rëm opgeholl ginn. Et ass de 5. Protestdag hannerteneen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Katharina Schröder
Foto: picture alliance/dpa | Katharina Schröder

An der Kritik steet déi nationalkonservativ a Kreml-frëndlech Regierungspartei Georgeschen Dram. Et gouf mat massiver Policepresenz reagéiert. D‘Poliziste si mat Tréinegas géint d‘Demonstrante virgaangen. 

De georgesche Premier hat d‘lescht Woch d‘EU-Bäitrëttsverhandlunge bis 2028 op Äis geluecht. De Bäitrëtts-Wonsch ass a Georgien an der Verfassung verankert. Well d‘Protester ënnerdréckt goufen hunn elo déi baltesch Staate reagéiert an national Sanktiounen – dorënner Areesverbueter – géint déi politesch Responsabel a Georgie verhaangen.