Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Khruangbin - Hold Me Up (Thank You)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: De Wee ass fräi fir Neiwalen

Mësstrauensvott

Däitschland: De Wee ass fräi fir Neiwalen

An Däitschland ass de Wee fräi fir Neiwalen. De Bundestag huet dem Olaf Scholz d‘Vertrauen, wéi erwaart, ofgeschwat. Dat huet d‘Bundestagspresidentin matgedeelt. Knapp iwwer 200 Deputéiert hu fir de Scholz – bal 400 géint hie gestëmmt. 116 hu sech enthalen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder

Bei den Debatten am Virfeld vum Vott gouf et hefteg Diskussiounen. De Kanzler Olaf Scholz huet den Ex-Koalitiounspartner FDP schaarf kritiséiert an der Partei "wochelaang Sabotage" virgehäit. D‘Ampel-Koalitioun war an d‘Bréch gaangen, nodeems den Olaf Scholz den FDP-Finanzminister Christian Lindner entlooss hat. Den Oppositiounschef Friederich Merz huet sengersäits kritiséiert, de Scholz géif d‘Land an der gréisster Wirtschaftskris zanter dem Krich hannerloossen. 

D‘Neiwalen an Däitschland sollen den 23. Februar sinn.