arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sechs Doudeger bei Schéisserei  zu Jerusalem - E Mann gouf festgeholl

Israel

|
headphones

1 min

Sechs Doudeger bei Schéisserei  zu Jerusalem - E Mann gouf festgeholl

Am Oste vu Jerusalem gouf et um Méindegmoien eng Attack, bei där op d'mannst sechs Persounen ëm d’Liewe komm sinn. 10 weiderer goufe blesséiert, dovun e puer méi schwéier.

headphones

1 min

Israeelesch Police a Rettungsdéngchter op der Plaz – Attack vum 8. September 2025  | © EPA/ABIR SULTAN
Israeelesch Police a Rettungsdéngchter op der Plaz – Attack vum 8. September 2025 (Foto: EPA/ABIR SULTAN)

D'israeelesch Police hätt no der déidlecher Attack zu Ost-Jersualem eng Persoun am arabeschen Deel vun der Stad festgeholl. Et géif gepréift ginn,ob de Mann un der Preparatioun vun der Dot bedeelegt war,  heescht et an engem Communiqué. De Bilan vun den Doudesaffer wier mëttlerweil op op 6 geklommen. Ronn 10 Persoune wiere blesséiert ginn, esou d'Rettungsdéngschter.

Hamas a Netanyahu hu sech scho geäussert

Zwee Männer hätte bei engem Busarrêt op Leit geschoss, heescht et. D'Täter wiere vun der Police neutraliséiert ginn. Israel schwätzt vun enger Terrorattack. Den israeelesche Premier Benjamin Netanyahu huet sur Place "nach méi haart Schrëtt" géint eventuell Komplize vun den Attentäter ugekënnegt. D'Hamas huet d‘Attack begréisst a behaapt, datt d'Täter Palestinenser wieren.

Ënnert anerem d'EU-Kommissioun huet d'Attack verurteelt. Se géif beweisen, wéi néideg eng Wafferou tëschent Israel an der Hamas wier, esou ee Kommissiounsspriecher.