Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fëmmen: Keng nei Verbueter zu Lëtzebuerg virgesinn

EU-RECOMMANDATIOUN GÉINT PASSIVFËMMEN

Fëmmen: Keng nei Verbueter zu Lëtzebuerg virgesinn

D’EU-Länner recommandéiere méi streng Reegele géint d’Fëmmen. Virun allem dobaussen. Lëtzebuerg steet dohannert, huet awer net wëlles, national Gesetzer ze änneren, seet d’Gesondheetsministerin Martine Deprez.

auto_stories

4 min

Foto: Adobe Stock

Als éischt emol ofwaarden a kucken, wat déi aner maachen: Sou kéint een d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung an der Diskussioun ronderëm méi streng Fëmmverbueter resuméieren.

An de leschte Woche war déi Debatt nees méi haart gefouert ginn. Ugefaangen hat dat, wéi déi Europäesch Kommissioun am September nei Recommandatiounen erausginn a sech ënner anerem dofir ausgeschwat hat, datt d’Länner sollten d’Fëmmen op verschiddenen Plazen dobausse verbidden.

EU ka keng Fëmmverbueter imposéieren

Am Europaparlament kruten déi Proposen déi lescht Woch keng Majoritéit. D’EU-Memberlänner par conter hu gëschter um Méindeg hirersäits een Text gestëmmt, an deem recommandéiert gëtt, d’Anti-Fëmm-Mesuren ze verschäerfen.

Dora schwätze sech d’Länner dofir aus, datt op verschiddene Plazen dobausse méi effikass Mesurë géint Passivfëmme misste geholl ginn. Rieds geet do vu Spillplazen, Piscinnen an och Terrasse vu Restauranten oder Caféen.

Méi streng Reegelen awer sinn ëmstridden. Dees ass ee sech bewosst. An deene Recommandatioune wiere keng obligatoresch Verbueter, huet sech no der Diskussioun gëschter um Méindeg direkt déi ungaresch EU-Presidence beméit, kloer ze stellen.

Och d’Lëtzebuerger Ministerin fir d’Gesondheet, d’Martine Deprez, pocht drop, datt d’EU de Länner hei näischt virschreiwe kann.

"Déi Recommandatioun do ass jo net contraignant fir d'Länner. Dat heescht, all Land ass do fräi de Moment ze maachen, wat se wëllen. A mir wäerten dohannert bleiwen, fir datt do och op europäeschem Niveau emol dat engt oder anert méi en place gesat gëtt."

Lëtzebuerger Gesetz: Do, wou net dierf gefëmmt ginn, ass och Vapotage verbueden

D’CSV-Ministerin verweist drop, datt déi Lëtzebuerger Gesetzer schonn eng Partie vun deem ëmsetzen, wat elo gefuerdert gëtt.

Dat betrëfft zum Beispill d’Erweidere vum Fëmmverbuet op E-Zigaretten oder aner Apparater, déi Tubak erhëtzen, wat zu Lëtzebuerg de Fall ass, sou d’Martine Deprez.

"Dat, wat fir Zigarette gëllt, gëllt grad esou fir Vapotagen. Do gëtt et keen Ënnerscheed. Mir sinn do schonn e Schratt viraus."

Wat genee ass eng Spillplaz?

Am Gesetz steet och, datt Fëmmen op Spillplazen oder ronderëm sportlech Aktivitéite mat Jonker ënner 16 Joer net erlaabt ass. Ganz kloer formuléiert wier dat net, gëtt d’Ministerin zou

"De Moment steet just d'Spillplazen do. Dat heescht, wann elo iergendwou eng Plaz am Duerf ass, wou Leit kënne sëtzen, wat net onbedéngt als Spillplaz kann definéiert ginn, denken ech, datt dat Gesetz, sou wéi et elo do steet, net erlaabt, datt iergende Polizist dohinner geet a seet, hei däerf net gefëmmt ginn. Mee do setze mir op de gesonde Mënscheverstand, datt Leit a Presenz vu Kanner, wannechgelift, net solle fëmmen."

D’Recommandatioun vun de Memberlänner awer geet méi wäit.

Verbueter op Busarrêten oder Terrasse vun engem Restaurant net geplangt

D’Protektioun misst och fir Plazen dobausse gëllen, déi eppes mam ëffentlechen Transport ze dinn hunn, also Busarrêten, Garen oder Fluchhäfen. Ass esou eppes zu Lëtzebuerg geplangt?

D’Martine Deprez verweist op d’Nopeschlänner.

"Frankräich schéngt schonn op de Wee ze goen, fir méi enk Gesetzer ze maachen. Da kucke mir, wat Däitschland an d'Belsch maachen. An da wäerte mir an deenen nächste Wochen a Méint nach weider Diskussiounen hunn."

Keng kloer Positioun och, wat dee ganz kriddelege Sujet vun engem Fëmmverbuet op den Terrassen a Caféen oder Restauranten ugeet. Si hätt keen Optrag, an déi Richtung nozedenken, preziséiert d’Ministerin.

"Ech hu keen Optrag am Accord de coalition, fir do aktiv ze ginn. Mir soe 'la directive rien que la directive'. Dat heescht, wann eppes um europäeschen Niveau kënnt, eng Reglementatioun oder eng Direktiv eventuell, da musse mir natierlech aktiv ginn."

Dat awer wäert net geschéien, wëll d’EU de Memberlänner net virschreiwe kann, esou ee Verbuet auszeschwätzen. Et ass un de nationale Regierungen, doriwwer ze tranchéieren.

D’Länner sollten déi entspriechend Mesuren huelen, hat den neien EU-Gesondheetskommissär um Ufank vun der Debatt ënnert de Ministere gëschter betount. Hien huet drun erënnert, datt all Joer iwwer 700.000 Leit un de Suitte vun Tubakskonsum stierwen, an och drun, datt et nei Erkenntnisser iwwert d’Auswierkunge vu passive Fëmmen an zum Beispill dem Damp vun E-Zigarette gëtt, deene misst Rechnung gedroe ginn.