D‘Air Rescue wier vun de belschen Autoritéite geruff ginn, well et fir d'Pompjeeë schwéier war, an déi iewescht Stäck vum Gebai ze kommen, esou d‘Air Rescue an engem Communiqué. Mat der Air Rescue war och e Spezialist vum CGDIS zu Léck am Asaz.
D‘Feier wier hënt ënner Kontroll bruecht ginn, esou de belschen ëffentlech rechtleche Sender RTBF. Nieft dem Doudesaffer wiere 14 Leit an e Spidol bruecht ginn, zwee vun hinne wieren an engem kriteschen Zoustand. D‘Ursaach vum Feier ass nach net bekannt.