D‘Situatioun nom Feier am Héije Venn entwéckelt sech och weider favorabel fir Lëtzebuerg. Dat deelt d'Cellule d‘évaluation interministérielle mat, déi haut zesumme war fir nach emol de Point ze maachen.
D‘Konzentratioun vu rengem Stëbs an der Loft wier op engem niddregen Niveau an dee wier och stabel an hätt deemno kaum nach en Impakt op d‘Loftqualitéit.
Wieder spillt fir Lëtzebuerg
En plus wier d‘Wieder an den nächsten Deeg favorabel fir d‘Land: Vu Muer bis e Sonndeg soll de Wand no Norde goen, a vun e Méindeg un no Osten, deemno vu Lëtzebuerg ewech.
Och op den dräi Miessstatiounen, déi temporär am Éislek installéiert goufen, goufe keng nei Konzentratioune vu rengem Stëbs gemooss. D‘Resultater vun deene Moossunge kann een och op emwelt.lu suivéieren.