Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Mays'elrim

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmmer méi Leit ginn an d'Wanteraktioun

Héijen Occupatiounstaux

Ëmmer méi Leit ginn an d'Wanteraktioun

Zu Lëtzebuerg geet d‘Wanteraktioun haut op en Enn. De virleefege Bilan weist: D‘Zuel vu Leit, déi iwwer d‘Wanterméint an der Struktur um Findel en Ënnerdaach konnte fannen, goung weider an d‘Luucht.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

Och wa prezis Chifferen eréischt an 10 Deeg virleien, ass de weideren Zouwuess bei den Zuelen den Haaptfait vun dëser Saison. Dobäi gouf sou eng Tendenz no uewe schonn an de leschten zwou Saisonen notéiert.

Ma et geet riicht virun, mat zum Deel ganz héijen Occupatiounstauxen dëse Wanter, sot d’Cyrielle Chibaeff, Chargée de direction vun der asbl Dräieck. Am Januar an am Mäerz hätt een en Occupatiounstaux vun 88 Prozent gehat, am Februar louch deen Taux souguer bei 91 Prozent. De 26. Februar hätt ee mat 300 Persoune souguer en neie Rekord opgestallt.

Zousätzlech Capacitéiten am Dezember

Dës Saison koumen och vill Leit an den Dagesfoyer, mat engem Pic, den 21. Januar, vun 225 Persounen. Sou datt et déi 5 Méint och e ganz staarken Zouwuess gouf, wat dat verdeeltent Iessen (moies, mëttes an owes) ugeet. Schwieregkeeten, fir Leit ënner Daach ze kréien, hat ee keng, och well d’Capacitéiten am Dezember vun 250 op 300 Better gehéicht goufen, sou datt een op en Zouwuess méi wéi preparéiert war. A gehëtzten Arméizelter hätt een nach eng Kéier 24 zousätzlech Plaze kéinten zur Verfügung stellen.

Fir d'Zukunft rechent ee mat nach méi Besoin

D’Populatioun war och 23/24 an der Haaptsaach männlech, mat 91 Prozent, woubäi et e Flillek fir Frae gëtt, mat zum Beispill eegenem Dortoir an eegenen Toiletten. An d’Wanteraktioun koumen ënner anerem nach ëmmer Leit, déi eng Aarbecht hunn, an därer, déi international Protektioun sichen. No der WAK gi vill Leit zeréck an hir Heemechtslänner oder an Nuetsfoyeren, komme privat ënner oder a Colocatiounen an a Cafészëmmeren. Fir d’Zukunft geet ee bei der asbl Dräieck vun enger weiderer Tendenz no uewen aus, et preparéiert ee sech ewell op déi nächst WAK an et sicht een och no aneren, méi zentrale Léisungen. Ee Wuert dann nach zu de Fräiwëllegen, déi sech zu hirer 110 engagéiert hunn.

„110, c’est bien. On peut toujours faire un peu plus. Donc, toute bonne volonté, même si elle arrive deux mois ou trois mois après le début du démarrage, est bonne à prendre!”

Och wann 110 en zimmlech bedeitende Chiffer wier, sou d’Cyrielle Chibaeff.

An der asbl Dräieck, déi d’WAK zanter 2021 geréiert, sinn iwwregens d’Caritas, Inter-Actions an d’Rout Kräiz regruppéiert.

Lauschterenplay_arrow