Zënter zwee Joer ass de Gehälteraccord beim Staat a Kraaft, mee am Gemengesecteur ass e bis elo nach net ganz ëmgesat ginn, well nach ëmmer Avise vum Staatsrot feelen.
Déi Ongläichbehandlung géif bei de Betraffene fir Frustratioun suergen. D‘FGFC wéilt net méi d‘Roll vum "Buhmann" spillen. Et kéint net sinn, datt d‘Regierung, de Staatsrot an d‘Chamber d‘Gemengebeamte géifen ignoréieren an si vernoléissegen.
D‘Gewerkschaft vun de Gemengebeamte fuerdert déi politesch Responsabel op, direkt ze handelen.