Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Jimmy Smith - We Three Kings (Of Orient Are)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FGFC: Mëssstänn a schlecht Aarbechtsrelatiounen op der Diddelenger Gemeng

Gewerkschaft vum Gemengepersonal

FGFC: Mëssstänn a schlecht Aarbechtsrelatiounen op der Diddelenger Gemeng

Skandal an der Gemeng Diddeleng: Dovunner schwätzt d‘FGFC um Méindegmoie an engem Communiqué. Et geet ëm d‘Manéier, wéi d‘Gemeng op Mëssstänn an hirem IT-Departement reagéiert hätt.

auto_stories

4 min

headphones

1 min

play_arrow

Do soll et Rassismus, Belästegung a privat Benotzung vu Gemengematerial gi sinn. Déi Gemengeresponsabel hätten doropshin zu ganz dubiéise Mesure gegraff. Grad eng Gemeng wéi Diddeleng, déi vun der LSAP regéiert gëtt, an déi sech als sozial engagéiert duerstellt, hätt elo hei Methoden ugewannt, déi alles anescht wéi sozial a legal wieren, esou den FGFC-President Claude Reuter am 100,7-Interview.

"Hei huet d'Affaire disciplinaire herno erausgestallt, dass hei eeben halt géint d'Mënscherechtskonventioun, Dateschutz an Aarbechtsgesetz, verstouss ginn ass. A wou mir eis hei d'Fro stellen: Wie bremst dann de Patron, wann deen dat mécht?"

Lauschterenplay_arrow

FGFC schwätzt vu systematesche Problemer 

Wéi d‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal an hirem Communiqué schreift, wieren all Mataarbechter a Gespréicher geruff ginn a wiere stonnelaang verhéiert ginn, ouni datt si rechtlechen oder gewerkschaftleche Bäistand gehat hätten.

Handyen a Laptoppe wiere beschlagnaamt ginn, extern Firmaen hätten och privat Donnéeë vun de Mataarbechter:inne kopéiert, Büroe wieren duerchsicht ginn, wéi d‘Mataarbechter:inne guer net do waren, a verschidde Mataarbechter:inne wieren, ouni Erklärung suspendéiert ginn.

Dobäi soll den IT-Departement nëmmen een Deel vun engem gréissere Puzzle sinn. Et géifen och nach an aneren Deeler Mëssstänn a schlecht Aarbechtsrelatioune ginn. D‘FGFC schwätzt vun engem systeemesche Problem a fuerdert direkt eng onofhängeg Analys a Rechenschaft.

Dan Biancalana: Kee politeschen Intressi

Gemengeresponsabel Gemeng Diddeleng | © Eric Ewald
Gemengeresponsabel Gemeng Diddeleng (Foto: Eric Ewald)

De Méindeg Nomëtteg huet d‘Diddelenger Gemeng confirméiert, datt si um Verwaltungsgeriicht Recours agereecht huet géint d’Decisioune vum Disziplinarrot. Fir de Buergermeeschter Dan Biancalana wier een dofir elo an enger lafender Prozedur, iwwer déi een net weider kéint kommunizéieren. 

"Mir hunn eis ganz vill Gedanke gemaach, mir hunn eis alles laang duerch de Kapp goe gelooss, am Kader vun de Prozeduren, a mir hunn dat Ganzt net op déi liicht Schëller geholl."

Den LSAP-Burgermeeschter huet nach vun engem komplexen Dossier geschwat, an deem een am Intressi vun der Gemeng gehandelt hätt. E politeschen Intressi, wéi d’FGFC en ugedeit huet, hätt et op alle Fall net ginn. Wat d'Ambiance op der Gemeng ugeet, do gesäit den aktuelle Buergermeeschter awer keng Problemer.

“Mir hunn de Moment keng Kenntnis vun engem generelle Malaise, deen hei soll sinn. Virun e puer Méint hate mir Personalfeier op der Gemeng Diddeleng, do schaffen 800 Leit. Do ware bal 600 Leit op där Personalfeier. Mir hunn elo de Budget presentéiert, de leschte Freiden: Do hu mir eng ganz Rei Ronne gedréint, mat ville vun eise Servicer zesummen, fir dee Budget opzestellen. Ech mengen, dat huet sech an enger ganz konstruktiver Ambiance och gemaach. Natierlech, an enger grousser Administratioun, wou bal 800 Leit schaffen, do schaffen natierlech och vill Mataarbechterinnen a Mataarbechter zesummen, an do ass et natierlech och normal, dass et mënschelt.”

Dat wier net anescht wéi op anere Plazen, sou den LSAP-Politiker. Soudass een net pauschal soe kéint, datt op der Diddelenger Gemeng e schlecht Aarbechtsklima bestéing.