search

/ FEDIL warnt: EU-Industriepolitik net ze protektionistesch gestalten

Industrie

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

FEDIL warnt: EU-Industriepolitik net ze protektionistesch gestalten

Europa soll säin oppene Marché net aus den Ae verléieren – dat seet d’Industriellefederatioun FEDIL am Kontext vum EU-Industrial Accelerator Act vun der EU-Kommissioun. Och wann d’Initiativ déi europäesch Industrie stäerke soll, warnt d’FEDIL virun ze vill Protektionismus an ze vill Bürokratie.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
(v.l.n.r.) Georges Santer, René Winkin, Yves Germeaux | © Jo Welfringer
(v.l.n.r.) Georges Santer, René Winkin, Yves Germeaux (Foto: Jo Welfringer)

Europa misst en oppene Marché bleiwen an dierft net ze protektionistesch ginn. Dëse Constat kënnt als Reaktioun op den Industrial Accelerator Act, deen d’EU Kommissioun am Mäerz presentéiert huet. Zil dovun ass et, d’Industrie an der EU méi widderstandsfäeg ze maachen an d’Ofhängegkeet vun Net-EU-Länner ze reduzéieren.

D’FEDIL begréisst den Act am grousse Ganzen - mee warnt och gläichzäiteg.

EU wëllt Industrie stäerken – mat Risiko fir méi Protektionismus

Besonnesch de Punkt vun der europäescher Preferenz am EU-Industrial Accelerator Act huet d’FEDIL an de leschte Méint analyséiert. Dee gesäit ënner anerem eng Preferenz fir “EU-Made”-Industrieproduiten vir.

Ëffentlech Opträg sollen a gewësse Secteuren, wéi beispillsweis an der Defense oder am Stolsecteur, dobäi geziilt europäeschen Entreprisen zougedeelt ginn, fir déi europäesch Industrie ze stäerken a se manner ofhängeg vun Net-EU-Länner ze maachen.

D’Lëtzebuerger Industriellefederatioun begréisst dat, mee warnt och gläichzäiteg, seet de FEDIL-Direkter René Winkin.

"Déi Restriktiounen ze maachen, déi kënnen an der Zäit limitéiert sinn, si kënnen op Secteure limitéiert sinn, op Applikatioune limitéiert sinn, mee si mussen Ausnam bleiwen. Mir wëlle weiderhin zum Prinzip vun Ouverture stoen, well mir och wëssen, datt Lëtzebuerg souwisou, mee och europäesch eisen Erfollegsmodell op Ouverture baséiert.”

Et dierft een och net den Handel mat Drëttstaate vernoléissegen, esou de René Winkin. 

"Mir kënnen eis net d'Kiischte vum Kuch erofpicken a soen, dat maache mir selwer an dann de Rescht liwwert Dir eis awer. Dat si jo och Erfarungen, déi d'USA elo rezent mat China gemaach hunn, an an esou eng Spannungen ze kommen, datt op eemol weesentlech matières premières net geliwwert ginn, well mir aner Saachen net wëlle kafen, musse mir oppassen." 

Dofir misst een de Prinzip vun der Ouverture bäibehalen, esou de René Winkin. 

"An do, wou et kriddeleg ass, kucke wéi mir et intelligent ustelle kënnen an idealerweis och eisen Handelspartner erkläert kréien."

Warnung viru méi Bürokratie

Et misst een dann och eng gesond Basis hunn, fir grouss Industrien iwwerhaapt bannent der EU ze erméiglechen, esou nach de René Winkin. Dat wier net ëmmer ginn. Besonnesch zu Lëtzebuerg wier et dacks eng Fro vun adäquate Plazen. Beispill dofir wier den Datenzenter zu Biissen.

“Biisse war een isoléierte Projet, deen op eng isoléiert Plaz koum, déi guer net derfir virbereet war. An d'Resultat kenne mir. Also misste mir jo d'Conclusioun draus zéien, mee da komme mir bereede Plaze vir, datt mir méi séier op deene Plaze ginn, mee kucken, datt d'Uschlëss fonctionéieren. Dat war zu Biissen en plus nach ginn, de Stroumuschloss. Mee do huet et un der Plaz gehappert. Mee mir kommen net do derlaanscht, wa mir deenen Ambitioune vu Souveränitéit wëlle gerecht ginn.”

Iwwerdeems huet d’FEDIL nach virdru gewarnt de Betriber mam Industrial Accelerator Act keen ze groussen administrativen Opwand opzelueden. Et dierft ee sech net op där enger Säit administrativen Ofbau op d’Kap schreiwen, fir hei weideren dobäi ze maachen, esou nach de René Winkin.

play_arrow Lauschteren