An engem Communiqué nennt d’Initiativ d’Entreprisen ExxonMobil, Koch Industries an Guardian Industries. Déi solle Lobby-Aktioune géint d’EU-Direktiv gemaach hunn, déi d’Responsabilitéit vun Entreprisen am Beräich Mënscherechter, Klima an Ëmwelt méi staark encadréiere soll.
Lex Delles a Gespréicher mat Guardian Industries?
Der Initiativ no hätt de lëtzebuergesche Wirtschaftsminister Lex Delles mat Guardian Industries ënner anerem iwwer d’wirtschaftlech Situatioun vun Industrie-Betriber geschwat.
Bei Gespréicher tëschent Koch Industries an der lëtzebuergescher Ambassade zu Washington wier iwwerdeems net kloer, wat genee thematiséiert gouf.
D’Initiativ “devoir de Vigilance” betount, datt esou Aktivitéiten zwar net illegal wieren. Si géifen awer weisen, wéi privat Interessi demokratesch Prozesser kéinte beaflossen — op Käschte vum ëffentlechen Interessi.