Wéi et zu der Explosioun koum, bleift onkloer: Éischten Erkenntnisser no ass 30 Meter ënner dem Waasser bei Aarbechten un enger Turbinn e Feier ausgebrach, an et koum zu enger Explosioun. Doduerch goufen déi ënnescht Niveaue vun der Anlag ënner dem Waasser iwwerschwemmt. De Staudamm selwer läit zwee Kilometer ewech a gouf net beschiedegt.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Explosioun an Italien: D'Rettungsdéngschter gi vu 7 Doudesaffer aus
Norditalien
Explosioun an Italien: D'Rettungsdéngschter gi vu 7 Doudesaffer aus
No der Explosioun gëschter an engem Stauséi-Waasserkraaftwierk an Norditalien ginn d‘Rettungsdéngschter elo vu 7 Doudegen aus. Bis elo sinn 3 Doudesaffer confirméiert, mee et géif kaum nach Hoffnung ginn, déi véier Mataarbechter, déi zanter dem Accident gëschter Mëtteg vermësst ginn, nach lieweg ze fannen, esou d‘Autoritéiten.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / ipa-agency | GIANNI SCHICCHI