De 54 Joer alen Ex-Offizéier hat déi Spionage-Aktivitéiten zouginn.
Hien hätt selwer d‘Initiativ ergraff, de Russe geheim Informatiounen iwwer militäresch Dossieren ze liwweren.
Am Prozess hat den Ugekloten erkläert, hien hätt déi Informatioune geliwwert fir ze verhënneren, datt et am Kontext vum Ukrainkrich zu enger atomarer Eskalatioun kënnt.