Zwou Wochen ass et hier, do war de Friedrich Merz a Bayern bei der CSU op Besuch. Elo war et dann um Markus Söder, déi Faveur zeréckzeginn. Am Sauerland, der Heemecht vum Uniouns-Kanzlerkandidat Merz, wollten déi zwee mächtegst Uniounspolitiker gëschter um Sonndeg hire Walkampf openeen ofstëmmen.
Ee vun de grousse Sträitpunkten tëscht CDU an CSU krute se awer weiderhin net geléist: Wärend de Markus Söder sech vehement géint e Schwaarz-Gréngt Bündnis wiert, wëll de Friedrich Merz sech all Optioun ophalen a schléisst eng Koalitioun mam B90/Die Grünen net aus.
Habeck een "agreabele Gespréichspartner"
Hie géif sech e Walresultat wënschen, bei deem d’Unioun just ee Koalitiounspartner bräicht, awer kéint aus zwee verschiddenen auswielen, sot de Friedrich Merz gëschter. Iwwer déi Gréng an hire Spëtzekandidat Robert Habeck sot hien, den aktuelle Wirtschaftsminister hätt zwar a sengem Amt eng schlecht Bilanz, wier awer een agreabele Gespréichspartner.
De Markus Söder par conter sot, hien hätt e grondsätzleche Problem mat deene Gréngen. Hie geheit der Partei e falsche Cours an der Wirtschafts- an an der Migratiounspolitik vir. Wann et iergendwéi méiglech wier, wéilt hien déi Gréng an der Oppositioun gesinn.