arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europäesche Rapport: Lëtzebuerger Gesondheetssystem iwwer europäescher Moyenne

Gesondheet

|
headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Europäesche Rapport: Lëtzebuerger Gesondheetssystem iwwer europäescher Moyenne

D'Populatioun hei am Land profitéiert vun engem ganz gudde Gesondheetssystem. De Verglach mat den aneren EU-Memberlänner weist, datt d'Liewenserwaardung am Grand-Duché virzejoert mat 83,5 Joer bal zwee Joer iwwer der europäescher Moyenne louch, net wäit hanner dem Spëtzereider Italien.

headphones

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem krut um Dënschdeg eng gutt Zensur ausgestallt, wéi de Rapport vum Gesondheetsprofil vum Grand-Duché presentéiert gouf.

Experte vu Bréissel schwätzen an deem Rapport vun engem ganz gudden Zougank zu de Soinen hei am Land, a vu méi Infirmièren an Infirmiere pro 1.000 Awunner wéi an der EU-Moyenne. Bei den Doktere läit Lëtzebuerg dogéint liicht ënner dem europäeschen Duerchschnëtt.

De Plang vun der Entlaaschtung fir d'Spideeler

D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez wëllt méi Effizienz am Gesondheetssystem erreechen duerch Preventioun. Ënner anerem sollten d’Spideeler entlaascht ginn, well an den Urgencen dacks Leit wieren, déi keen Hausdokter hunn:

“An dofir dann an d'Urgencë komme mat enger Pathologie, déi vläicht net muss e Spidol behandelen. An dofir wier et gutt, wa si éischtens en Hausdokter hätten. Wa si dee Reflex net hunn, da fir d'éischt mol an d'Maison médicale goen. Do hu mir och e Reseau vu Generalisten, déi dat organiséieren, mee à terme wier et gutt, wa jidderee säi Médecin de confiance hätt. An do si mir mat dem Cercle des médecins généralistes ënnerwee, fir ze kucken, wat si brauchen, wat si sech virstellen iwwer dat eraus, wat schonn do ass.”

Eng Iddi wier eng Prime fir Cabinets de groupes, déi bis aacht Auer owes op hätten. Géifen déi Realitéit ginn, dann hätt dat Inzidenzen, op d’Maison-médicallen uechtert d’Land, esou d’Ministerin Martine Deprez.

“Wa mir esou e Reseau hätten, deen d'ganzt Land couvréiert, a jiddereen à courte distance kéint an esou e Cabinet de groupe kommen, dann huet jo jidderee säi Generalist a kann au jour le jour, wann e klenge Bobo ass, sech do mellen. An à terme wäerten dann d'Maison-médicalle manner Leit hunn, an da muss ee kucken, ob se iwwerhaapt nach néideg sinn, wa mir géifen esou e Reseau vu Generalisten opgebaut kréien.”

Méi Effizienz bei Spidolsleeschtungen

Och d’Juliane Winkelmann vum Observatoire européen des systèmes et des politiques de santé huet de Fokus op d’Koordinatioun tëschent éischter Versuergung a Spideeler geluecht. Och an hiren Ae missten d’Leit vun de Spideeler ewechkommen:

“Dieses Verständnis, ich kann auch ins Krankenhaus gehen, zur Notfallambulanz, und dort eben immerzu meine Dientsleistungen bekommen: Die Bevölkerung da zu sensibilisieren, dass man mit dieser Ressource sparsam umgehen soll.”

Fir d’Bréisseler Expertin kéint et donieft zu méi Effizienz komme bei de Spidolsleeschtungen:

“Krankenhausaufenthalte sind natürlich extrem teuer. Die vorzubeugen, besser zu koordinieren mit Pflegediensten, aber auch Pflegeheimen etc., dass da dieses Schnittstellenmanagement besser fonktioniert.”

Suerge mécht dem Juliane Winkelmann de Fait, datt d’physesch Aktivitéit vu Jugendlechen zu Lëtzebuerg erofgaangen ass: Si läit ënner der Moyenne an Europa. Dat misst een am A behalen.

“...insbesondere vor dem Hintergrund, dass, wenn sie erwachsen sind, das nicht besser wird.”

Vill Länner géife virum Hannergrond vun enger ëmmer méi aler Populatioun, a Richtung vu méi Preventioun goen. Woubäi, Stéchwuert Alter, de Grand-Duché a Saache Liewenserwaardung 2024 op der véierter Plaz an der EU louch, mat 83,5 Joer, wat du bal zwee Joer méi ware wéi d’europäesch Moyenne. Allerdéngs hätten d’Leit bei eis vum 65. Liewensjoer un awer zu engem groussen Deel mat Aktivitéitslimitatiounen ze kämpfen. Dobäi dierft sech bis 2050 den Undeel u Leit vun iwwer 65 Joer zu Lëtzebuerg verduebelen.

Weider Constate vum Gesondheetsprofil vu Lëtzebuerg sinn:

·      datt 2021 een Doud vu 4 op Risikofacteure wéi Tubakskonsum, Alkohol, falsch Ernärung a physesch Inaktivitéit zeréckzeféiere war

·      datt Leit mat engem niddregen Educatiounsniveau méi der Obesitéit an dem Tabagissem ausgesat sinn

·      datt pro Awunner eppes méi wéi 4.600 € d’Joer fir d’Gesondheet ausgi ginn, wat vill ass

·      datt evitabel Spidolsopenthalter iwwer der EU-Moyenne leien

·      datt d’inappropriéiert Benotze vu Medikamenter bei eelere Leit beonrouegend ass

play_arrow Lauschteren