arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europäesche Mënscherechtshaff weist Klo vu katalanesch Independantisten zréck

Stroossbuerg

|
headphones

1 min

Europäesche Mënscherechtshaff weist Klo vu katalanesch Independantisten zréck

Dräi katalanesch Independantisten, déi um Europäesche Mënscherechtshaff géint hir Prisongsstrof a Spuenie geklot haten, goufen ofgewisen. D‘Riichter zu Stroossbuerg sinn zur Conclusioun komm, datt Spuenien net géint hir fundamental Rechter verstouss huet.

headphones

1 min

Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg | © picture alliance / epd-bild | ARTIS - Uli Deck
Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg (Foto: picture alliance / epd-bild | ARTIS - Uli Deck)

Déi 3 Politiker vun der katalanescher Regionalregierung vum Carles Puigdemont waren 2017 verurteelt ginn, wéinst dem mësslongene Versuch, Katalounie vu Spuenien onofhängeg ze maachen.

Referendum trotz Verbuet 

D‘Regionalregierung hat e Referendum iwwert d‘Onofhängegkeet vu Katalounien organiséiert, obwuel dee vun der spuenescher Justiz verbuede gi war.

Déi 3 fréier Politiker sinn a Spuenien dowéinst zu Prisongsstrofen tëscht 9 an 13 Joer verurteelt gi wéinst Rebellioun. Si hate virum Mënscherechtshaff geklot, well si sech als politesch Prisonéier gesinn hunn, dat hunn d‘Riichter zu Stroossbuerg net sou gesinn.