arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Europäesch Agrarministere fäerte substanziell Kierzungen

EU-Budget

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Europäesch Agrarministere fäerte substanziell Kierzungen

Zwee Deeg ier déi Europäesch Kommissioun Propose fir en neien EU-Budget mécht, maache sech eng ganz Partie Agrarministere Suergen, datt et do zu substanzielle Kierzunge kënnt. Och d’Iddi, datt de Finanzement vun der Agrarpolitik anescht organiséiert soll ginn, stéisst op Kritik.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

De Budget sollt weider esou organiséiert ginn, wéi bis elo, sot um Bord vun der Reunioun vun den Agrarministeren zu Bréissel d’Lëtzebuerger Landwirtschaftsministerin Martine Hansen. 

Nach ass näischt dovu confirméiert. D’Kommissioun wëll e Mëttwoch een éischten Entworf fir deen nächste Budget vun der EU virleeën, deen normalerweis vun 2028 bis 2034 gëlle soll.

"E staarke Pakt mat staarkem Budget"

Am beschten et bleift alles esou, wéi et bis elo war, esou d’Lëtzebuerger Agrarministerin Martine Hansen.

"Jo, dat ass emol eise Wonsch a mir waarden of, wat deen ee Mëttwoch erauskënnt."

Bei där Präsentatioun vum neie pluriannuelle Budget gëtt awer mat Kierzunge vun der gemeinsamer Agrarpolitik, kuerz CAP genannt, dee bis elo een Drëttel vum EU-Budget ausmécht, gerechent. 15 Prozent manner ass am Gespréich. Keng gutt Iddi, fënnt d’Martine Hansen.

"Mir hätte gären eng Liewensmëttelsouveränitéit an Europa, Mir hätte gären, datt déi jonk Baueren nach d'Betriber iwwerhuelen. Dofir brauche mir u sech ee geséchert Akommes fir d'Baueren an op där anerer Säit hätte mir och gären, datt d'Pakt dofir suergt, datt mir d'Liewensmëttel bezuelbar maachen. Also brauche mir eng staark gemeinsamer Agrarpolitik mat engem staarke Budget an do steet eis Regierung och hannendrun. Dat heescht, e staarke Pakt mat staarkem Budget."

Och anerer maache sech Suergen doriwwer, wéi d’Agrarpolitik an deem Budget wäert ewechkommen, wéi zum Beispill déi franséisch Ministerin Annie Genevard.

EU-Kommissär Christophe Hansen hält sech bedeckt

Medieberichter no kéint och d’Struktur vun deem Budget geännert ginn. Net méi wéi bis elo zwee Pilieren, mat engersäits den direkte Subside fir d’Baueren an anerersäits deene fir déi ländlech Entwécklung, mee just nach een Dëppen, aus deem alles bezuelt muss ginn.

D’Bäibehale vun den zwee Piliere wier liewenswichteg, seet och den éisträicheschen Agrarminister Norbert Totschnig.

"Wir wollen, dass diese Zwei-Säulen-Struktur erhalten bleibt, und wir wollen zu guter Letzt auch, dass die Agrarpolitiker in Europa darüber entscheiden, wie die Programme ausschauen."

Wéinst der Inflatioun misst de Budget net erof, mee eropgoen, esou d’Meenung vu villen haut um Méindeg. Dat war och d’Conclusioun an enger Debatt am Europaparlament déi lescht Woch.

Den zoustännegen EU-Kommissär Christophe Hansen hat sech do bedeckt gehalen. Hie géif hoffen, datt den nächste Budget fir d’Agrarpolitik zolidd ass an hie géif an deem Sënn weider kämpfen.

 

play_arrow Lauschteren