arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Et bleift dobäi: Premier äntwert net op Bréif vu Gewerkschaften

Chamber

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Et bleift dobäi: Premier äntwert net op Bréif vu Gewerkschaften

De Premier Luc Frieden huet net Wëlles de Gewerkschaften OGBL-LCGB eng Äntwert ze ginn op hire Bréif an deem si sech iwwert den Aarbechtsminister beschwéiert hunn. Dat sot de Premier de Mëtteg an der Chamber wärend der Froestonn un d’Regierung.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
De Luc Frieden no senger Ried zur Lag vun der Natioun. | © Chambre des députés
De Luc Frieden no senger Ried zur Lag vun der Natioun. (Foto: Chambre des députés)

Hie géif dee Bréif net beäntwerten, well et e Bréif wier, deen hien an där Form ni geschriwwen hätt. Hie géif fannen, datt een iwwer aner Leit net esou schreift. Op den zweete Bréif vun de Gewerkschaften, déi Kéier iwwert d’Gesondheetspolitik, wäert hien an de nächsten Deeg äntwerten, esou nach de Luc Frieden.

Hien wier der Meenung, datt hien den Ament net déi richteg Wierder géif fannen, fir op esou e Bréif ze äntweren.

Zum weidere Bréif vun de Gewerkschaften iwwert d’Gesondheetspolitik wäert hien an den nächsten Deeg äntweren. Dräi verschidde Froe goufen opgeworf. D’Regierung wéilt engersäits eng Medezin méi no beim Patient an verschidden Antennen baussent de Spideeler. Weider géif een um Gesetz ëm d’Dokteschgesellschaften schaffen.

Dee Modell kéint ee mat den Affekotebüroe vergläichen, wou dann nëmmen Dokteren an der Gesellschaft wieren. Och de Conventionnement géif een de Conventionnement bäibehalen. Dat heescht, datt ee Patient fir déi selwecht Leeschtung dee selwechten Tarif wäert bezuelen, egal bei wéi een Dokter ee géif goen, esou nach de Luc Frieden.

play_arrow Lauschteren