Den DP-Politiker a fréieren Deputéierten hätt Honorairen als Curateur an enger Faillite net deklaréiert gehat.
De Pim Knaff wier sech mam Parquet eens ginn, fir enger ëffentlecher Geriichtsverhandlung ze entgoen, heescht et bei Reporter.
D’Justiz huet op eis Nofro hin d’Verurteelung vum Pim Knaff confirméiert.
No der Verurteelung vum Escher Schäffe Pim Knaff fuerdert d’ADR hien dozou op, dat ganzt Urteel ze verëffentlechen. Am Kader vun der Waldecisioun zejoert vun de Bierger, géif de Pim Knaff de Leit kee vollstännegt Bild vun der Situatioun presentéieren, sou d’ADR an engem Communiqué.