Et handelt sech awer nëmmen em een Deel vun allen Akten am Fall vum verstuerwene Sexualverbriecher. Vill dovu si staark geschwäerzt. D‘US-Demokraten hunn doropshi vun engem Gesetzesbroch a Vertuschung geschwat, mat där ënner anerem dem Donald Trump seng Vergaangenheet geschützt soll ginn.
Donald Trump ënner Drock
Bis gëschter gouf et vum US-amerikanesche Parlament een Delai, all Epstein-Akte fräizeginn.
Den Donald Trump steet wéinst den Epstein Files scho länger ënner Drock. D‘Fräigab vun all den Epstein-Akte war ee Walverspriechen, ma zënterhier huet hie staark zeréckgeruddert. Dofir krut hien och aus der eegener Partei vill Kritik. Och dem aktuellen US-President säin Numm daucht ëmmer nees an Dokumenter op.
De Milliardär Jeffrey Epstein hat jorelaang Jonk Fraen a Mannerjäreger mëssbraucht an u Prominenter weidergereecht.
Oflenkungsmanöver viséiert Bill Clinton
Den Ament daucht ëmmer nees och de fréiere President Bill Clinton an den Dokumenter op. Ee Spriecher schwätzt vun engem Oflenkungsmanöver. Et géif zwou Gruppen u Leit ginn. Déi, déi d‘Relatioune mam Epstein ofgebrach hunn, wou seng Dote bekannt gi sinn, an déi, déi och duerno nach weider Relatioune mam Sexualstroftäter haten. De Bill Clinton géif zu der éischter Grupp gehéieren.
Den Donald Trump huet an de leschte Wochen ëmmer nees versicht, d‘Opmierksamkeet op de Bill Clinton ze lenken. Hie behaapt, datt de Clinton op der Privat Insel vum Epstein war. Am Interview mat Vanity Fair sot d‘Stabscheffin vum Wäissen Haus Susie Wiles, datt et dofir "keng Beweiser ginn."
Aus dem US-Justizministère heescht et weider, datt nach weider Dokumenter an den nächste Wochen nokomme sollen.