De Justizministère huet d’Entdeckung vu méi wéi enger Millioun Dokumenter bekannt ginn. Den FBI an den New Yorker Parquet hätten de Ministère iwwer d’Dokumenter informéiert an elo géif een d’Publicatioun préiwen, esou heescht et vum Ministère op X. Dat kéint bis e puer Wochen daueren.
Et bleift onkloer, wéi et dozou koum, datt op eemol esou vill nei Dokumenter opgedaucht sinn.
D’Dossiere sinn deelweis geschwäerzt
De verstuerwene Sexualverbriecher a Milliardär Jeffrey Epstein soll jorelaang e Mëssbrauchsnetzwierk bedriwwen hunn, deem Dosende Fraen a Mannerjäreger zum Affer gi sinn. Och hie selwer soll mannerjäreg Meedercher mëssbraucht hunn.
Viru sechs Joer ass hien am Alter vu 66 Joer am Prisong gestuerwen.