arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Epstein-Files: Puer Honnertdausend Dokumenter sollen haut fräigi ginn

USA

|
headphones

1 min

Epstein-Files: Puer Honnertdausend Dokumenter sollen haut fräigi ginn

Haut, Freideg, leeft den Delai aus, wou d‘Epstein-Akten an den USA musse verëffentlecht ginn. Den amerikanesche Justizministère war virun engem Mount vum Kongress verflicht ginn, fir d‘Akte vum verstuerwene Sexualverbriecher Jeffrey Epstein erauszerécken. 

headphones

1 min

En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington  | ©  EPA/WILL OLIVER
En Demonstrant virum US-Kapitol zu Washington (Foto: EPA/WILL OLIVER)

Déi Ënnerlage sollen awer net all beieneen erauskommen, sot haut de Vize-Justizminister zu Washington, well et der ze vill wieren. Op all eenzel Säit misst nämlech kontrolléiert ginn, datt d‘Identitéit vun den Affer geschützt wier. 

Haut sollen e puer Honnertdausend Dokumenter fräigi ginn, an den nächste Wochen dann nach emol sou vill.