X war rezent an d‘Kritik geroden, well Uganks all d‘Notzer:innen de KI-Chatbot Grok dorop opfuerdere konnte fir Biller, déi op X gepost goufen, ze sexualiséieren. Also Fotoen ze manipuléiere fir Fraen, och Mannerjäreger, a Bikinien ze weisen.
Et géif bei der Enquête dofir och ëm Biller goen, déi als Kannermëssbrauch kéinte gëllen, esou nach d‘EU-Kommissioun. Géint d‘Plattform X, fréier Twitter, lafen den Ament schonn e puer Enquêtë wéinst méigleche Verstéiss géint d‘EU-Digitalgesetzer.