De Bundestag hätt dem Bystron seng Immunitéit opgehuewen. Dat hat ZDF scho gemellt. Haut um Donneschdeg géife seng Büroen am Bundestag duerchsicht ginn, awer och Objeten a Bayern an op Mallorca. Den AfD Politiker soll Sue vum pro-russesche Propagandanetzwierk „Voice of Europe“ kritt hunn.
Hie selwer dementéiert d'Reprochen. Nieft dem Petr Bystron stoung déi lescht Wochen och den AfD-Spëtzepolitiker Maximilian Krah wéinst méigleche Verbindungen zu prorusseschen Netzwierker an de Schlagzeilen.