Radioen

On air

Popfilter  |  Loyle Carner - in my mind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng wëll Course-Poursuite zu Ettelbréck um Mëttwoch

Police mellt

Eng wëll Course-Poursuite zu Ettelbréck um Mëttwoch

En Automobilist huet zu Ettelbréck um Mëttwoch eng Policekontroll ignoréiert an ass fortgerannt. Doropshin hunn e puer Policeautoen d‘Verfollgung opgeholl.

auto_stories

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Den Automobilist ass bei senger Flucht dunn an e geparkten Auto zu Nidderfeelen gerannt. Wéi d‘Beamte bei säin Auto komm sinn, ass en op en Neits fortgerannt an huet dobäi zwee Poliziste liicht blesséiert. Op der Streck tëscht Eschduerf an Hierheck huet en du probéiert, e Policeauto vun der Strooss erof ze drécken, woubäi et zu engem Accident koum. E puer Polizisten hu fir eng Kontroll missten an d‘Klinik. Am Auto gouf eng gréisser Zomm Sue fonnt an Droge fonnt.  

D‘Police mellt dann och en Iwwerfall um Mëttwochowend an der Avenue John F Kennedy um Kierchbierg. D‘Affer hat Schnëttverletzungen um Kapp an huet missten an d‘Klinik. D‘Police konnt zwee Verdächteger festhuelen, bei deenen d‘Tatwaff an och de Rucksak, deen si hirem Affer ofgeholl haten, séchergestallt goufen. Si koumen um Donneschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.