arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Rei un EU-Staate wëll den Accès fir russesch Touriste limitéieren

Wéinst dem Ukrainkrich

|
reading time

1 min

Eng Rei un EU-Staate wëll den Accès fir russesch Touriste limitéieren

Zéng EU-Staate wëllen d‘Entrée vu russeschen Touristen an d‘EU méi staark limitéieren. Et wier verstéierend ze gesinn, wéi russesch Touristen sech op europäesche Plagen ameséiere wärend Russland an der Ukrain Stied bombardéiert an Zivilisten ëmbréngt, esou hiert Argument.

reading time

1 min

© EPA/JULIEN GRINDAT
(Foto: EPA/JULIEN GRINDAT)

Déi skandinavesch an déi baltesch Staaten, souwéi Holland a Polen sinn Demandeur.

Eleng d‘lescht Joer goufe bal 500.000 Visae fir russesch Touristen ausgestallt. Déi betraffe Länner weisen och op Sécherheetsrisiken hin, notamment wat Honnertdausende vu russesche Kämpfer an der Ukrain ugeet, déi an d‘EU wéilten areesen.