arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Koalitioun vun de Wëllege kënnt haut zesummen, d'Ukrain brauch Ofwierrakéiten

Kiew

|
reading time

1 min

D'Koalitioun vun de Wëllege kënnt haut zesummen, d'Ukrain brauch Ofwierrakéiten

Zu Kiew treffe sech haut d‘Memberstaate vun der Koalitioun vun de Wëllegen, dat ënner der Co-Presidence vu Groussbritannien, Frankräich an Däitschland. Fir de brittesche Premier Andy Burnham ass et déi éischt Visite am Ausland.

reading time

1 min

© EPA/SERGEY DOLZHENKO
(Foto: EPA/SERGEY DOLZHENKO)

Kiew brauch weider Ofwierrakéite fir hire Patriot-System. Zënter Wochen attackéiert Russland déi ukrainesch Haaptstad mat ballistesche Rakéiten. Groussbritannien a Frankräich wëllen iwwerdeems gréng Luucht gi fir datt d‘Ukrain ënner Lizenz Rakéite ka produzéieren.

Parallel huet d‘EU haut en neien Hëllefspak an Héicht vu 6,1 Milliarden Dollar fir d‘Ukrain ugekënnegt, d‘Gelder si virun allem fir Ofwierrakéite virgesinn.