arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eng Partie Zeremonien haut um Commemoratiounsdag

Zweete Weltkrich

|
headphones

1 min

Eng Partie Zeremonien haut um Commemoratiounsdag

D’Regierung erënnert um Nationale Commemoratiounsdag un d’Affer vun de Lëtzebuerger wärend der Nazizäit an am Zweete Weltkrich.

headphones

1 min

Commemoratioun op der Plëss. | © Eric Ewald
Commemoratioun op der Plëss. (Foto: Eric Ewald)

De Commemoratiounsdag geet op d’Vollekszielung vum 10. Oktober 1941 zeréck, wou d’Nazie wollten erausfannen, wien zu Lëtzebuerg jiddesch wier a wien sech als “däitsch” deklaréiert. D’Lëtzebuerger Resistenz huet d’Leit deemools dozou opgeruff, all Fro mat “Lëtzebuergesch” ze beäntweren – doropshi gouf d’Zielung annuléiert.

D’Regierung ënnersträicht de Courage vun de Fraen a Männer aus der Resistenz, déi sech bewosst géint d’Besatzung gestallt hunn – vill vun hinne goufe verhaft, gefoltert oder deportéiert.

D’Regierung rifft dozou op, och haut d’Erënnerung lieweg ze halen an d’Mënscherechter, d’Demokratie an de Fridden ze verdeedegen.

Am Kader vum nationale Commemoratiounsdag sinn haut och eng Partie Zeremonie geplangt, ënnert anerem um Kanounenhiwwel a bei der Gëlle Fra.