Radioen

On air

Notturno  |  King Gizzard & The Lizard Wizard - Gila Monster

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eng Partie Prisongen a Frankräich an der Nuecht op en Dënschdeg attackéiert ginn

Frankräich

Eng Partie Prisongen a Frankräich an der Nuecht op en Dënschdeg attackéiert ginn

Ënner anerem zu Toulon, Marseille, Nanterre a Villepinte sinn an der Nuecht op en Dënschdeg eng Parti Prisongen attackéiert ginn. D‘Agence France presse a franséisch Medie mellen, datt Gefierer a Brand gestach gi wieren. Zu Toulon wier och mat Maschinnegewierer op de Prisong geschoss ginn. De franséische Justizminister Gérald Darmanin soll am Dënschdegnomëtteg op Toulon fueren.

auto_stories

1 min

Police Frankräich | © Flickr
Police Frankräich (Foto: Flickr)

Nach ass näischt Geneeës gewosst. Et géif awer sou ausgesinn, wéi wann et eng koordinéiert Aktioun gewiescht wier an dass et e Lien géif gi mat der Strategie vum franséischen Inneministère géint Drogebanditismus.

D‘Prisongsgewerkschaft schwätzt vun enger frontaler Attack géint d‘Prisongsinstitutioun, géint d‘Republik a géint d‘Prisongspersonal.